-
Grënnungsmemberen:
Ansay Ben, President - Bogaerts Roger, Vizepresident - Van Nuenen John, Vizepresident - Turmes Luc, Sekretär - Winkin Christiane, Tresorière - Patz Nico, Webmaster - Boever Marc -Drexel Ulrike - Golf Club Clervaux - Knauf Georges - Meisch Nicole - Petesch Irène -
Poulussen Wim - Weber Camille
Mir sinn e Grupp vun Awunner vun Eselbuer an der Ëmgéigend, déi am August 2017 eng A.s.b.l. gegrënnt hunn, well mir säit laangem duerch de Gestank an de Kaméidi vun der Industriezon Eselbuer/Lentzweiler belaascht ginn.
Mir fuerderen dass d’Loftqualitéit an de Kaméidi ronderëm d’Industriezon duerch permanent Miessungen iwwerwaacht, an d’EU-Normen agehale ginn. Dëst ass ëmsou méi wichteg, well eng massiv Erweiderung vun der Industriezon virgesinn ass.
Eis éischt "Resultater"
Den Ëmweltministère, zesumme mam SICLER an der Gemeng Cliärref, hunn an Dezember 2017 verschidden Schadstoffmiessungen ronderëm d’Industriezon machen gelooss, viraussiichtlech awer mol nëmme während 2 Méint.